Wëllkomm beim RADIO LRB,

Är éischt Adress vir faszinéierend Musek an Ënnerhalung.

Mir sinn een dynamesche Lëtzebuergesche Radiosender , deen sech Ziel gesat huet sengen Nolauschterer een aussergewéinlecht Klangerliefnis ze bidden.

Um RADIO LRB bidde mir Iech eng breet Palette vu Museksprogrammer fir verschidde Goûten a Genren. Vun de leschte Charts bis Zäitlos Klassiker wielt eis Team vu Moderatore suergfälteg Titelen aus. Egal ob Dir Fan vu Pop, Rock, Hip-Hop, Elektronik oder all aner Genre sidd, mir hunn eppes fir jiddereen.

Eist Engagement fir e qualitativ héichwäertege Programm geet iwwer Musek a mir bidden och interessant Talk-an Musekshows. 
Also verpasst net, eise diversen Programm, eng Rees vu musikalescher Entdeckung an Ënnerhalung .

Äert RADIO LRB TEAM

Eisen Studio ass fäerdeg, genee wei déi komplett Upassung vun eiser Technik, Softwares etc. 

Mir sinn ab ELO rëm 100% ON AIR a schaffe lo nach um neie Programm deen Enn des Mounts wäert starten.

Donieft wäerte mer mat eisen Sendungen deemnächst rëm LIVE vir Iech do sinn, nodeems eisen klenge leschten Update fäerdeg ass. 

Nei Sendungen, wäerten och no an no kommen, freet Iech also op en neien Look. 

(15.10.2023)

Eisen Studio ass fäerdeg

Nach puer minimal Upassunge souwéi Software Updates / Optiméirungen, an mer kënnen LIVE rëm vir Iech do sinn. 

Nei Sendungen, Nei Musek, Neien Programm an villes méi erwaarden Iiech.

Den nächsten Update ass dann eisen offiziellen NEI START.

(07.08.2023)

 Salut alleguer!  

Wéi warscheinlech verschiddener vun Iech wësse gouf eisen alen Studio zu Peppéng jo ufanks Juni 2022 ofgerappt  Awer… Mir sinn um Schaffen! 

Updates kommen no…

Haalt är Oueren also op !

(14.07.2023)

KONTAKT:

Vir all weider Informatiounen, Reklammen oder nei Animateuren, kontaktéiert eis per Mail:
info@radiolrb.luu u