On Air: ACE OF BASE / All that she wants
 
   

Follow radiolrb on Twitter

 
a
   
 
Déi perfekt Längt
25/07/2011

Eng duerchschnëttlech Penislängt hängt mam wiertschaftlechem Erfolleg zesummen. A bemol erschéngt d’Kris an engem neie Liicht. Ee Fuerscher vun der Universitéit huet sech „d’Weltkaart vun de Penisgréissten“ geholl, io sou eppes gëtt et (http://www.everyoneweb.com/worldpenissize/), an huet Erstaunleches raus fonnt. Tatu Wessling huet an enger Studie „ Male Organ and Economic Growth-Does Size Matter“ de Wiertschaftswuesstem vu verschiddene Länner zwëschen 1960 an 1985 ennersicht an huet déi mat den duerchnetlteschen Penisgréissen verglach. Seng Erkenntnis: Déi ideal Längt as 13,5 Zentimeter am erigéierten Zoustand.

A Länner, wou d’Männer mat der Gréisst besteckt sen, as de Bruttoinlandprodukt am schnellsten an d’Lut gaang. Mee ganz dramatesch as d’Beobachtung, datt pro weideren Zentimeter geht de Wuesstem vun der Wiertschaft ëm 5-7% méi lues. Eng Erklärung fir déi Fuerschungsergebnisser huet den Wessling allerdéngs net parat. Den däitschen Duerchschnëtt leit bei 14,48; d’Boom-Land China ass ob 10,98 Zentimeter. Dovunner wäit eweg leit d’Republik Kongo, hiren Duerchschnëtt as bei 17,93 – weltwäite Spëtzenwärt.

Dann warden mir elo mol drop, datt d’Penispompen an Griicheland, Spuenien, Portugal, Irland an Italien verbuede gi. An och de Ballermann-Hit „20-Zentimeter“ soll emgedicht gi: Anstatt vun „sind in Wirklichkeit viel grösser“ kéint gläich per Gesetz an „schaden unserer Wirtschaft“ ëmgewandelt gin. Mol ofwaarden ;)

 
a

 
© 2013 LRB Media Group a.s.b.l. .