On Air: OLLY MURS FT. FLO RIDA / Troublemaker
 
   

Follow radiolrb on Twitter

 
a
   

Gold Cobra
Limp Bizkit

Limp Bizkit

Gold Cobra

Lang ist es her, dass ma eis Nu metal Prenzen fun LIMP BIZKIT nemei gesin an (frun allem) heieren hun. 11 Joer lait hieren leschten GUDDEN Album "Chocolate Starfish and the Hot Dog flavored water" schon zereck. No hierem Greatest HitZ Album an hierem optrett um Rock am Ring ass et reueg em d Jongen gin. Den Guitarist Wes Borland huet d Band verloos an den Frontmann Fred Durst huet sech an den Regiestull fun 2 Filmer zereck gezunn. Mee dank Myspace ass seit 2 Joer rem en neien Song fun hinnen online gesaat an et ass fill Propaganda em en neien Album gemaach gin...

An lo ass et seuwait: Die Rockrapper fum verluerenen Nu Metal sin zereck mam Album Gold Cobra.

Den Artwork ass wei op all Album fun hinnen relativ onsenneg. En Urwald, 3 Stripperinnen dei sech befummelen, en Voyeur deen un sengem Fanger schnuppert an eng riesen Cobra. Bon, daat hun ech schell verdrengt an d CD an den Player geluercht. Let`s get started!

INTROBRA: Wei bei all Album fun hinnen huet och desen en Intro. INTROCOBRA ass domat keen richtegen Song, mee mei eng kleng Unsammlung fun düsterem Gejeimers fum Fred Durst deen bekloot vereckt ze gin. Et ass awer eng super Einleitung zum eischten richtegen Song:

BRING IT BACK: Heavy Riffs, donnernden Bass, rythmesch Drums fum John Otto an cool Ryhms fum Fred Durst. Hai wippt den Feuss an et erennert un dei gudd aal Zeiten fum Album SIGNIFICANT OTHER. Good Start!

GOLD COBRA: Den Track mescht fum eischten Moment schon direkt kloer dass Limp Bizkit awer bessen mi erwuessen gin sin. Frun allem textlech ass den Fred Durst hai Top Notch. "Feelin Korn going blind" "Bitches lyin’ bitches cryin’ Suicidal get in line" Suwuel Gesellschaftskritesch wei provokant un den Music buisness. Entertaining!

SHARK ATTACK: Erennert staark un hieren Klassiker BREAK STUFF. Cool rauschend Riffs, steady Ryhms leider keen Highlight am Song. Relativ Eintönegen Floss.

GET A LIFE: Den eischten Song weu den Fred Durst sech richteg auskatzt. En komplett gescreamten Refrain deen den agressiven Text gudd ennerstreischt. Den eischten Song deen bessen rausstecht.

SHOTGUN: An hai ass enn... SHOTGUN! Den Song war schon eng Zait am Internet ze fannen an geheiert secher zu engem fun den Highlights fum Album an fun Limp Bizkit. En Refrain zum matrappen, Headbangen an mattjumpen. Hätt net geduercht dass se en Song na maachen keinten deen seu rockt wei My Generation an Rollin`. Textlech kritiseiert den Frontmann matt da reuder Kaap die Gewaltbereet Jugend an America." Everybody jumps to the sound of a shotgun, cause in my neighbourhood everybody has got one..."

DOUCHE BAG: Feiert den Rockfeeling fun Shotgun gudd fierun mam gelongenen Refrain an engem Fred Durst deen senger Stemm och schon mol eng mei düster Melody verleit an sech dobai supper op seng exzellent Band verloossen kann. (Den Text gellt insgeheim dem Eminem deen Limp Bizkit a sengem Song GIRLZ gedizzt huet. Daat hai ass den heavy Retuer fun den Rocker)

WALKING AWAY: Ab desem Song kennt den schweieren Spagat deen d Fans fun Limp Bizkit spleckt. D Balladen fun Limp Bizkit. Se vergraulen d Rockfans mee weisen awer wei vielschichteg d Band awer ass. Walking away erennert un den Song RE-ARRANGED. Den Fred Durst verschafft hai seng düster Phase fum Messerfoleg fun Limp Bizkit an mixt et matt der Verzweiflung dei en an senger schweierer Kandheet haat weu en gehänselt an gemobbt gin ass. En reuegen Song matt staarkem Text an engem gudden Rythmus. Ween et bis zum Schluss fum Song aushällt kritt matt wei den Fred Durst KORNstyle zesummenbrecht an sech seng ganz Aggressioun fun der Seil screamt... Gänsehaut!

LOSER: Desen Song ass komplett Textfocused. Leider ass den Song musikalesch gesinn zimlesch schwaach an einfallslous... Allerdings leunt et sech bis zum Schluss duerchzehaalen well do spillt den Fred Durst matt engem Voice changer deen ma aus den Jason Derulo Songs kennen. " How do they make songs with this? This fucking shit is ill..." witzeg, mee rett den Song leider net.

Autotunage: Hai kommen endlech dem John Otto seng genial Drums mei zum fierschein an d Band kann sech fill mei auslierwen. Coolen, heavy Song deen frun allem Live secher eng Granat ass. Gesanglech ass dem Fred Durst seng Stemm mam Voice changer ennerluercht an wierkt interessant aanescht daat mol an engem Rocksong ze heieren.

90.2.10: Keng Ahnung waat d Band sech bei deem Titel geduercht huet... Den ganzen Song wierkt just wei en komplett duerchereneen an huet mech perseinlech och just nervös gemaach. Zum Schluss fum Song foltert den DJ eis nach matt engem idioteschen Sound an Phrase Remix... Kann een getrost vergiessen...

WHY TRY: Why try markeiert en absoluten klasseschen NU Metal Rock Song wei een en fun Limp Bizkit rewinnt ass. Hard Riffs, kraachenden Bass an staark rythmesch Drums. Textlech zwar keen Meeschterwierk: " Uno, dos, treis in your face..." Mee wann een gudd oppasst fennt deen een oder aaneren coolen Ryhme. Insgesamt en KICK ASS SONG!

KILLER IN YOU: Offgesin fun en puer staarken Momenter fum Guitarist Wes Borland an dem Drummer John Otto ass et en mettelmeisseg bis schlechten Song matt engem Refrain deen onheemlech repetitiv, oninspireiert geschriwen an domat nervesch ass. Vue que dass et deen leschten Song ass emsu mei enttäuschend.


FAZIT:

Waat huet Limp Bizkit mier gefehlt... Gold Cobra markeiert secherlech net deen beschten Album an da Laafbahn fun Limp Bizkit. Textlech befaasst sech den Fred Durst na emmer matt Themen dei een perseinlech oft unspriechen an d Riffs gin engem an Songs wei Bring it back, Shotgun an Why try richteg and Blut. Leit dei matt den mellen Kichelscher na ni eppes unfänken konnten, wert des Album secher net bekèieren. Insgesamt en gudden Album bei deem die schwaach Songs sech zum Gleck just op 3 Songs beschränken. Lo bleiwt also just na ze hoffen dass d Band hieren Wee och mol and Rockhaal oder op Amnéville fennt. Good Job!

ALBUM: 8/10 Punkten

Fier Fans fun: Eminem, Korn, Adema, NU Metal

Luca Menichetti fir Radio LRB

Tracklist:
Sample1.Introbra - 1:20
Sample2.Bring It Back - 2:17
Sample3.Gold Cobra - 3:53
Sample4.Shark Attack - 3:26
Sample5.Get a Life / Interlude 1 - 4:54
Sample6.Shotgun - 4:33
Sample7.Douche Bag - 3:42
Sample8.Walking Away - 4:45
Sample9.Loser / Interlude 2 - 4:53
Sample10.Autotunage - 5:00
Sample11.90.2.10 / Interlude 3 - 4:18
Sample12.Why Try - 2:51
Sample13.Killer in You - 3:46

Aaner CD Tip'en an der Datenbank sichen

 
a

 
© 2013 LRB Media Group a.s.b.l. .